CAD (aus dem engleschen Computer-Aided Design)
Harmoniséierung vun Ären Zeechnungen
Dir schafft mat AutoCAD an hutt Pläng déi vu verschiddenen Firmen oder Mataarbechter erstallt gi sinn, déi alleguerten hiren eegenen “Style” beim zeechnen hu ?
Dann hutt Dier wahrscheinlech Pläng mat ënnerschiddlechen Layer -nimm, -faarwen an -stréchdeckten fir déi nämlecht Objeten (z. Bsp: Maueren, Miwwelen, etc)
Duerch eis jorelaang Erfahrung ob dësem Gebitt an eis selwer entwéckelt Outilen, kennen mir Är Pläng méi séier, méi zouverlässeg an méi präiswäert verschaffen ewéi aner Firmen.
Mir hëllefen Iech och gären beim erstellen an uwenden vun enger spezifescher Layerstruktur.
Kontaktéiert eis, fir weider Detailer gewuer ze ginn an ze beschwätzen.
Upassen vun Zeechnungen oder Revit Modeller, z. Bsp. no engem Ëmbau oder enger Plënner
Dier huet net dei néideg intern Ressourcen, fir Är AutoCAD Zeechnungen oder Revit Modeller à jour ze halen ?
Kontaktéiert eis. Mir hëllefen Iech gären.
Pabeierpläng digitaliséieren
Dier huet Pabeierpläng, déi der an digitaler Form braucht, fir se weider ze verschaffen ?
Kontaktéiert eis. Mir hëllefen Iech gären.
Froen an Hëllef bei Programmer
Bei Froen a Problemer hëllefen mir eisen Clienten natierlech gären, dofir sti mir Iech per Telefon oder Email zur Säit.
Fir eis Clienten mat engem Support Vertrag, bidden mir och d’Méiglechkeet un fir eng “Fernwartung” direkt an sécher ob Ärem Computer ze maachen.
– Keng komplizéiert an zäitopwänneg Erklärungen um Telefon !
– Dir gesitt direkt d’Resultat !
– Et muss sech keen deplacéieren !
Kontaktéiert eis fir méi iwwert eisen Support Vertrag gewuer ze ginn.
Formatiounen
Selbstverständlech bidden mir Iech och Formatiounen fir verschidden Autodesk Programmer un.
Kontaktéiert eis fir méi iwwert eis Formatiounen gewuer ze ginn.
CAD Zeechnungen fir eng CAFM-Applikatioun virbereeden
Dir hutt eng bestoend CAFM-Applikatioun oder Dir wëllt esou eng Applikatioun opbauen ?
Dann mussen bestëmmt Är CAD Zeechnungen dofir opbereed ginn.
Duerch eis jorelaang Erfahrung am CAD/CAFM Beräich, kenne mir Iech dobäi hëllefen.
Kontaktéiert eis an gitt gewuer wat mer fir Iech maachen kennen.