BIM (Building Information Modeling, ob däitsch: Gebäudedatenmodellierung) beschreift eng Methode respektiv en Prozess vun der optimiséierter Planung, Ausféierung an Exploitatioun vun Gebaier mat hëllef vun enger Software.

BIM ass also keng Software un sech an geet och iwwert en einfachen 3D Modell, wat mat enger BIM fäeger Software gemaach ginn ass, eraus. Den 3D Modell ass selbstverständlech d’Basis, mä ouni déi néideg Donnéeën kann deen Model net am vollen Empfang genotzt ginn!

Bestehend Gebaier
Och wann déi initial Idee vum BIM Prozess déi ass, dass den Modell vun der Planung iwwer den Entworf an d’Ariichten bis hin zur Gestioun wiisst an all, um Projet bedeelegt Leit, un deem nämmlechten Modell schaffen, mëscht et awer trotzdem Sënn 3D Modeller vun bestoenden Gebaier ze erstellen an déi mat den néidegen Informatiounen ze fidderen, fir d’Gebaier méi effektiv ze geréieren.

En optimaalt Resultat gëtt et natierlech wann een den Model an Kombinatioun mat enger Facility Management Software notzt.

Mir bidden Iech un, ob Basis vun ären bestoenden 2D CAD Zeechnungen, 3D Modeller vun Ären Gebaier ze erstellen, déi dann an eng Facility Management Software ze integréieren an déi bestoend Donnéeën ze importéieren / integréieren.

Wann der dann d’Gebai eng Kéier Ëmbaut, kennt der mat Firmen zesummen schaffen, déi och mam BIM Prozess schaffen an dir kennt hinnen direkt all relevant Donnéeën liwweren. Domadder verléieren si keng Zäit an dat heescht fir Iech manner Käschten.

No den Aarbechten krit Dier dann den kompletten “AS BUILT” Model zeréck an kennt mat den aktualiséierten Donnéeën weider schaffen.

Fir weider Detailer kennt der eis gären kontaktéieren.

Kontakt

Nei Projeten
Dir wëllt en neien Projet am BIM ufänken, hutt awer net déi intern Ressourcen oder Dier braucht Berodung?

Kee Problem. Mir stinn Iech gären mat Rot an Dot zur Verfügung an entwéckelen mat Iech zesummen déi beschten Strategie, fir dass Ären Projet en Succès gëtt.

Kontakt